Mäi Liewenslaf
Iwwert d’Joren
2023
Kandidat fir d’Chamberwalen 2023
- Vir d’Chamberwalen 2023 war ech Kandidat op der Lëscht vun déi gréng
2023
Gemengerot fir d’Gemeng Géisdref
- Bei menger éischter Wal hunn ech et an de Gemengerot gepackt. Elo geet déi richteg Aarbecht lass.
2023
Member vum Comité d’administration vun der Kamellebuttek Art Gallery
- Am Joer 2023 sinn ech dem Comité d’administration vun der “Kamellebuttek Art Gallery” bäigetrueden, där ech och virdru scho gären als Volontaire gehollef hunn
2022
Attaché parlamentaire
- Am Oktober 2022 hunn ech meng nei Aarbecht als Attaché parlementaire an der Fraktioun vun déi gréng ugefaangen
2022
Projets-Mataarbechter am Naturpark Karwendel
- Fir d’Summer-Saison 2022 war ech fir den Naturschutz an d’Biergerbedeelegung am Naturpark Karwendel an Tirol aktiv
2022
Tresorier vun déi jonk gréng
- Säit 2022 hunn ech d’Éier den Tresorier vun déi jonk gréng ze sinn
2021
Neit Doheem zu Géisdref
- Säit 2021 wunnen ech zu Géisdref (Goesdorf)
2021
Biergerbedeelegungs-Koordinator
- Ufank des Jores 2021 hunn ech meng éischt Aarbecht als Biergerbedeelegungs-Koordinator bei der Zebralog GmbH ugefaangen
2021
Member vum Comité exécutif vun déi gréng
- Um grénge Kongress 2021 gouf ech an de CEX vun déi gréng gewielt
2020
Master an der Geopolitik
- Am Summer 2020 hunn ech dunn mäi Master an der Geopolitik op der Université de Reims ofgeschloss
2018
Geographie Bachelor
- Am Summer 2018 hunn ech mäi Bachelor an der Geographie op der Université de Strasbourg fäerdeg gemaach
2018
Comité déi jonk gréng
- Fir d’Joer 2018 sinn ech déi éischte Kéier an de Comité vun déi jonk gréng gewielt ginn
2015
Première am LNW
- Nom Schouljoer 2015 ass meng Zäit am Lycée du Nord mat menger Première op en Enn gaangen
2008
Primärschoul zu Nacher
- Nom 6. Schouljoer goung et fir mech op Wooltz an den Lycée
1995
Gebueren am Dezember 1995 an der Maternité zu Wooltz